Vase fir meng Fairtrade Rousen

Dir hutt Glieser déi dir entsuerge wëllt? Mir proposéieren deenen en zweet Liewen ze ginn andeems dir eng personaliséiert Vase fir är Fairtrade Rousen kreéiert!

Dat brauch ech 

  • E Glas
  • Faarwen
  • E Pinsel
  • Scotch

Etappen:

  • D’Glas mat Scotch esou zoupeschen dass ee just puer Sträife fräi huet
  • Déi fräi Sträifen mat enger Faarf molen an dréchne loossen
  • Eng zweet Couche molen a gutt dréchne loossen éier een de Scotch erofhëlt

Gepackt !